PoltikZeitgeschehen

Alles op Riets ?

Eng Wal no däer anerer an Europa schéngt et ze weisen: eis Gesellschaften driften no riets. Dat ass net just eng Feststellung iwwer politesch Divergenzen, wéi se an der pluralistescher Demokrati normal sinn. Neen, et geet iwwer de politeschen Ënnerscheed eraus. Et geet nees drëms, „ze raumen“, „duerchzegräifen“, „fir Uerdnung ze suergen“ – ob grad ee Gesetz existéiert, wat dat erlaabt, oder och net. Am Zweiwel geet de Wëlle vum Vollék duer.

Ech hätt nach virun e puer Joer iwwerzeegt behaapt, eis Demokrati wir an hire Grondfeste stabil a staark. Rechtsstaatlech Deviatioune géifen et keng ginn, och soss uechter Europa net. Haut géif ech dat esou net méi soen. An dat mécht mer Suergen. Well dëse Kontinent huet dat alles schon eng Kéier gesinn. Et ass net gutt ausgaangen.

Wann een sech dat ukuckt – leschte Sonndeg nees eng Kéier a Portugal– da stellt ee fest: d’Leit sinn onzefridde mat der Politik, mat de Politiker, mat de Parteien. Duerfir wielen se dann d’Parteie vun deenen Onzefriddenen. Sollecher, déi „de System“ wëllen ausmëschten. Där, déi behaapten, net korrupt ze zinn, näischt falsch ze maachen, sech ganz an den Dingscht vum Vollek ze stellen.

Dobäi eraus kënnt, datt Regéieren ëmmer méi schwéier gëtt. Wa grouss Deeler vum politesche Spektrum vun Extremiste besat sinn, da gëtt d’Mëtt méi schmuel. An dat féiert derzou, datt ëmmer méi Kaméidi vu richteg riets geschloe gëtt, ouni datt do irgend een valabel Äntwerten op déi grouss Froe vun der Zäit hätt. Wann an Holland d’Regierungsbildung net viru geet, dann huet dat ganz vill dermat ze dinn, datt dem Här Wilders seng Truppen ausser Haass op den Islam net ganz vill Inhalt ze bidden hunn.

Et gi kaum nach kommunistesch oder soss lénksextreem Parteien an Europa, déi ee grousst Anzochsgebitt hunn. Dowéinst ass deen demokratesche Schued, deen si kéinten uriichten, ongläich méi kleng, wéi deen, deen duerch déi haard Droite veruursaacht gëtt. Och wann et an der Belsch esou ausgesäit, wéi wann déi extreem flamännesch Droite, déi extreem wallounesch Gauche, an eng weider Partei vun der „vëlkescher“ Droite zesummen eng nächste Kéier kéinten d’Halschent vun de Sëtz am federale Parlament besetzen. Och dat ass keng gutt Perspektiv fir d’Belsch an hir Composanten.

De Problem läit riets. En ze léisen, wäert net iwwerall d’selwecht funktionéieren. Plazeweis kann een haart riets Parteien duerch inhaltlech Ausenanersetzung zréckdrécken. Plazeweis hëlleft awer och dat net – oder net méi. An do ginn d’Saache wierklech problematesch.

Kaum een an eise Gesellschafte wëllt sech agestoen – et ass schliisslech och net schéin – datt tatsächlech 30, 40 oder 50 Prozent vun engem Elektorat bewosst rietsextreem Politik kéinte wëllen. Mat Friemenhaass, Afrostellung vun demokrateschem Fonctionnement, polizeistaatlecher Ausriichtung, Negatioun vun de Rechter vun der Fra, Ausklamerung vun der individueller Identitéitsbestëmmung an esou weider. Mee et kéint awer sinn, datt et esou ass. Deemno musse mer eis och deem Phänomen stellen. Et wielen och an den USA net zweemol d’Leit den Donald Trump duerch Zoufall. Spéitstens déi zweete Kéier wëssen se genee, wat se kréien, wa se hie wielen. A wann s’et dann och maachen, da maachen s’et bewosst.

Déi, déi mengen, et géif da jo just « déi aner » geroden, vergiessen, datt an enger extreem rietser Herrschaft jiddereen „deen aneren“ ass. Haut déi Aarm, déi Schwaach, déi mat der falscher Relioun, muer déi, déi awer nach wollten en ale verbuedene Film kucken oder hir Kanner vermeintlech falsch erzéien. Extreem riets haasst jiddereen. Ausser sech selwer.

Elo sti Walen zum Europäesche Parlament virun der Dir. Dat ass eng ganz besonnesch Wal, déi eenzeg vun engem handlungsfäegen, demokrateschen, supranationale Parlament an der Welt. An och hei gesäit et esou aus, wéi wann déi extreem Droite gutt kéint ofschneiden. Déi selwecht extreem Droite, déi net verstoppt, datt se dat politescht Europa am léifste nees géif ofschafen.

Dat ass dat Gelungent un der Demokrati. Si ass deen eenzegen Herrschaftssystem, deen d’Grondlage vun senger eegener Zerstéierung an sech dréit. Demokrati garantéiert Walen – a bei Walen kënne Parteie gewannen, déi d’Demokrati wëllen ofschafen.

Et sollt keen sech blende loossen. Déi extreem Droit ass net just géint déi europäesch Demokrati – si ass géint all Demokrati. Si ass dergéint, datt Majoritéite kënne wiesselen, Parteien aus der Oppositioun an d’Regierung kommen a sollecher aus der Regierung nees mussen an d’Oppositioun. Extreem Riets wëllt just nach ee Wiessel. Deen zu enger Majoritéit vun hinne selwer. Duerno ass Schluss mat Walen, Demokrati an Alternance. Wéi dat geet, huet een 1933 an Däitschland gesinn. Virun honnert Joer huet der NSDAP hire Chef kloer gesot, e wéilt de Parteiesystem ofschafen, a seng Partei wéilt a géif a misst alleng herrschen. Kuerz duerno war et esou wäit. De Rescht ass bekannt. Ech hoffen, datt et just eng Kéier esou muss goen, fir datt mer verstinn, datt extreem Riets et eescht mengt. Doudeescht. 

Ähnliche Artikel

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Überprüfen Sie auch
Schließen
Schaltfläche "Zurück zum Anfang"